Bitz(en)-Quatsch(en)

Treffen
all Freiden Moien
vun 9,30 Auer – 11,30 Auer

 

Bitzen ass een wonnerschéint Hobby an zesummen mécht et einfach meih Spaass. Et kann een sech austauschen, Tipps ginn oder sech géigesäiteg inspiréieren.

Wat wier dann meih schéin, wann een zu enger Clique ass, déi sech reegelméisseg ouni Zwang ganz relax bei enger gudder Taass Kaffi trefft. Deen Een oder Aneren bréngt vläicht och eppes ze knabberen mat. Vläicht ginn och gemeinsam Projeten ausgeschafft...

Grad wann een reicht mat bitzen ugefaangen huet, huet een 1000 Froen. Oder du schaffs op Schicht, an kanns net an ee festen Bitzcours goen, oder du wëlls dech och net fest fir eppes engagéieren. Ma dann bass du hei ganz richteg: Du kenns, wann et dir passt! Awer natierlech duerfs du och all Bitz-Quatsch mat maachen. Du entscheets selwer!

Quatschen, liesen, relaxéieren oder sech iwwert d´Bitzen mat Gläichgesënnter (ouni professionell Hëllef) austauschen an vläicht seng „Bitz-Problemer“ matbréngen. Een Aneren huet vläicht déi richteg Léisung fir dech parat. Och wanns du bitzen wëlls, keen Problem, bréng deng Bitzmaschinn mat. Plaz an Stroum ass do.

Bei guddem Wieder luet ons Terrass zu enger gemittlecher Ronn an. Mee och wann et reent, ass dat keen Gronn net ze kommen: Mir loossen dech net am Reen setzen, du duerfs eran

Ech hun nach een schéinen groussen Raum, wou´s du och ganz gemitterlech setzen kanns

Du frees dech elo bestëmmt, wat dat kascht? 
Bezills du och, wanns du bei Kollegen op eng Taass Kaffi gees? Neen!  
Sou ass et och hei

Wanns du awer mat denger Bitzmaschinn schaffen wëlls, dann froen ech just een klengen Obulus fir den Stroum: 5€ pro ugefaangen Stonn.

Just nach niewebäi ugemierkt:
Et ass keen Bitzcours, an et ass och keng professionell Neiheg dobäi. Hei geet et wierklech drëms, dass Hobby-Neihegen sech selwer géigesäiteg hëllefen.