Onse Buttik
Mir sin zu BUR (BORN)
BROTHER Bitzmaschinnen
Zäitschrëften
Männereck
Bitzen ass Magie
Bei ons kritt Dir alles fir ze bitzen
stofftmauerregal
Schaaf mat Stoffer
mercerie
mercerie

Wou dir eis fannt

Eise Buttek ass an der Haaptstrooss an dem schéine Bur bei ROSPORT


 

I. Wei ass et ugaangen?

Virun e puer Joer ass mir d´Iddi komm fir an ee Bitzcours ze kommen. Ech wollt verschidden Technike kenneléieren an och uwende kënnen. Eng Kandheetsfrëndin, wat och Moudedesigne studéiert huet an säin eegenen Atelier huet, huet genee déi Coursen ugebueden. Wat en Zoufall an schnell ugemellt. 

An deene jeeweilege Coursen hu mir natierlech och verschidde Stofften an Mercerie gebraucht. Also hunn ech mech op d´Sich gemaach an hu leider musse feststellen, dass ech net dat an de Butteker  fonnt hunn, wat ech gesicht hunn. Ausser am Internet, mee dat war och net dat Richtegt fir mech.


Stoffte muss een upake kënnen, fillen... Aus Spaass hunn ech owes am Cours gesot, dass een dach sou e Buttek opmaache misst. Mee aus deem Spaass gouf schnell Eescht. Meng Famill huet mech ermontert an sou si dunn och eescht Iwwerleeunge komm an en Businessmodell ass entstan. Ëmfroen hunn och bestätegt, dass sou een Buttek zu Lëtzebuerg feelt an meng Iddi richteg war.

II. D´Geschäftsraim

D´Sich no engem adequate Geschäftsraum huet sech méi schwiereg erausgestallt wei geduecht. Entweder ware Raimlechkeeten ze kleng, oder et ware keng Parkplazen dobäi, oder de Loyer war einfach net an mengem Budget.

Duerch Zoufall sinn ech awer dunn op den Neibau zu Buer op der Haaptstrooss opmierksam ginn. Den alen Hotel-Restaurant Lickes (beim Aly) ass ofgerappt ginn, an en Neibau entsteet. Well ech an dëser Gemeng opgewuess sinn an och vill Kandheetserënnerunge mat dësem Gebai verbannen, hunn ech d´Gespréich mam Bauhär gesicht. Et huet net laang gedauert an ech wousst, dass dat „mäin“ Geschäft gëtt.


An gudder Zesummenaarbecht mam Bauhär konnt ech meng eege Wënsch an Virstellunge mat abauen. De Clientë kann ech sou een groussen an helle Geschäftsraum ubidden. Gutt Parkméiglechkeeten an d´Bushaltestell direkt virun der Dier ass e weidere Pluspunkt, dee mir wichteg fir meng Clienten ass. D´Tréirer Autobunn A1 (Lëtzebuerg – Tréier) ass och just eng deck 3 Minutte vu Buer aus ze erreechen.

 

 

III. Grënnung vun der Gesellschaft

D´amtlech Gäng hunn doropshin hire Laf geholl an wore mat grousser Hëllef vun der Chambre de Commerce och schnell ofgeschloss. Den 12. Juni 2015 war et dunn sou wäit: beim Notaire goufen d´Pobeiere fir Grënnung vun der Gesellschaft ënnerschriwwen. Den Numm vum Buttek huet mäin Meedchen erausgesicht, well ech jo allerlee Stofft géing ubidden.

IV. D´Ouverture vum Buttik

Wann alles gutt geet, an näischt dertëscht kënnt, sollen dem Buttek seng Diere Mëtt November 2015 opgoen.

V. Verhandlungen mat Fournisseuren an Reesender

Fir d´Ugebued sou grouss an villfälteg wei méiglech ze gestalten, hunn mir ons mat bekannte Fournisseuren zesumme gesat. Reesen op Hamburg, Antwerpen an Berlin erlaabten eis lo mat groussen Nimm zesummen ze schaffen. Well ech awer ganz willerech sinn, wat Qualitéit an Auswiel betrëfft, sinn et dach zéi Verhandlunge ginn an et ass och mol en Nee vu mir komm. Well fir meng Clientë soll deet Bescht grad Gutt genuch sinn.

 

Och de Choix vun héichwäerteger an präiswäerter Mercerie gehéiert zu eisem Repertoire.


Ech denken, dass ech äre Goût getraff hunn, mee wann der awer mol eppes net an onsem Stock fannt, schwätzt mech un an mir kucken zesummen, ob mir et net bestelle kënnen. Och dat war eng Grondviraussëtzung fir mat menge Fournisseuren zesummen ze schaffen.

VI. REKLAMM

Wichteg fir en gutt Geschäft ass och d´Reklamm. Dofir hu mer eng Facebook-Säit (www.facebook.com/allerleestoff.lu) an eng Internetsäit (www.allerleestoff.lu) . Op dësen Säiten gitt dir iwwert Promotiounen, Neiegkeeten an d´Entwécklung vum Buttek informéiert. Mir hunn och Flyeren drécken gelooss, déi op verschiddenen Plazen ausgedeelt gi sinn. Esou op der Waasserbëlleger Braderie, um „Stoffen Spektakel“ an den Foire´s Halen, an um Schraasseger Hierschtmaart am Schlassgoart.


Déi beschte Reklamm ass awer onsen Buttek selwer. Kommt laanscht kucken,loosst iech vun eiser Qualitéit, eisem Sortiment, dem Buttek an onsem sympatheschen a kompetenten Personal iwwerzeegen.